top of page
Kick-Off vum Klima-Biergerrot

Sam., 29. Jan.

|

Online Konferenz

Kick-Off vum Klima-Biergerrot

D'Umeldung ass zou
Zeréck bei den Agenda

Zäit & Standuert

29. Jan. 2022 14:00 – 15:30

Online Konferenz

Iwwert den Evenement

Den 29. Januar gëtt de Klima-Biergerrot offiziell wärend engem ëffentlechen Event, dee live iwwerdroe gëtt, lancéiert. Spéider dee Mëtteg kënnt de Klima-Biergerrot déi éischte Kéier zesummen a gëtt déi organisatoresch Modalitéite gewuer éiert hir Aarbecht Ufank Februar ugeet.

Déi éischt Partie vum Kick-Off ass zougänglech fir de Grand Public. Wärend dëser Séance gëtt éischtens en Etat des lieux vun der Klimapolitik gemaach. Duerno mécht den Andrew Ferrone, Chef vum Service de la Météorologie am Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a Representant vu Lëtzebuerg an der Organisation Mondiale de la Météorologie, eng Interventioun zum Lien tëschent dem Klimawandel a meteorologesche Phenomener.

Klickt hei fir de Kick-Off live ze verfollegen

Oflaf vun der Sëtzung

  • 14.00 Mot de bienvenue vum Xavier Bettel, Premierminister
  • 14.10 Presentatioun vum Andrew Ferrone, Chef vum Service de la Météorologie am Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a Representant vu Lëtzebuerg am Groupe d’Experts Intergouvernemental sur l’Evolution du Climat (GIEC)
  • 14.30 Presentatioun vum Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a vum Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung
  • 15.00 Presentatioun vum Oflaf vum Klimabiergerrot : Wat ass virgesinn? Wéi bréngen d’Memberen sech an? Wéi ginn d’Memberen op hir Missioun virbereet? Wat kann ee sech als Output erwaarden? Vum Patrick Azevedo vun der Societéit Pétillances, Chef-Facilitateur vum Klima-Biergerrot.
  • 15.20 Schluss vum ëffentlechen Deel

No dësem ëffentlechen Deel fënnt eng Sëtzung statt, déi fir déi 100 Membere vum Klima-Biergerrot reservéiert ass, wärend där ënnert anerem esou wuel d’Prozesser an den Aarbechtskalenner vum Klima-Biergerrot presentéiert ginn wéi och de Leitfaden, deen am Kader vum participative Process vu Luxembourg in Transition ausgeschaff gouf.

bottom of page