

Fre., 06. Mee
|Beetebuerg
Visitt vum Centre de Tri Lamesch-PreZero zu Beetebuerg
Zäit & Standuert
06. Mee 2022 09:00 – 11:00
Beetebuerg, 212 Z.A.E. Wolser A, 3225 Beetebuerg, Luxembourg
Iwwert den Evenement
Virum Aarbechtsweekend 4 luede mir Iech an op d’Visitt vum Centre de Tri Lamesch-PreZero zu Beetebuerg. Lamesch ass eng lëtzebuerger Referenz „an der Sammlung, am Tri, am Recycling, am Traitement esou wéi an der Eliminatioun vum Offall“. De Centre de Tri leet Wäert op eng Kreeslafwirtschaft a kämpft elo scho géint de Klimawandel, ënnert anerem mat Hëllef vun Aktioune géint d’Verschwendung vu Ressourcen.
Wichteg fir dës Visitt :
De Site ka leider keng Leit mat beschränkter Mobilitéit ophuelen.
Mir bieden Iech d’Sécherheetsreegele ze befollegen. All Visiteur muss Sécherheetsschong oder zoue Schong bei der Visitt undoen. All Visiteur kritt och Sécherheetsequipement (Vest, Helm, Brëll).
Mir bieden Iech och, d’Sécherheetsmesuren opmierksam virun der Visitt ze liesen.
Weider Informatioune fannt Dir op lamesch-prezero.lu