

Fre., 25. Feb.
|Esch-sur-Alzette
Visitt vum Ellergronn, Esch-Uelzecht
Zäit & Standuert
25. Feb. 2022 09:00 – 10:30
Esch-sur-Alzette, Rue Jean-Pierre Bausch, 4114 Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Iwwert den Evenement
Am Kader vun der Preparatioun vum éischten Aarbechts-Weekend zum Thema "Agriculture & Sylviculture - production durable, consommation responsable" kënnen 20 Membere vum KBR Freides, de 25. Februar vu ronn 9 bis 10.30 Auer un enger Visitt mat engem Fierschter vun der ANF am Ellergronn deel huelen. Thema? Bësch an Naturschutz am Bësch (Altholzinselen, Biotopbeem, Bëschparzellenbefall zu Schädlingen, an Konsequenzen vun drëchenen Summeren an sou Stierm wéi an de leschten Deeg).
Praktesch Informatiounen:
D’Visitt ass baussen, denkt drun Är Kleedung a Schong unzepassen.
https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/centres-d_accueil/ellergronn.html
Déi méiglech Unzuel un Umeldunge leit bei 20.